Nei Fierschteren am Forstreveier Colmer-Bierg

Mir heeschen Yolande Unsen an Tom Plier a schaffen zanter dem 1ten Januar dëst Joer, als Revéierfierschter am Forstrevéier Colmer-Bierg. Mir schaffen allen zwee Deelzäit (25% Unsen & 75% Plier), duerwéinst leede mer zu zwee d‘Revéier.

 

D’Forstrevéier Colmer-Bierg hu mer vum fréieren Fierschter, dem Här Servais Schaack, iwwerholl, deen seng wuelverdéngten Pensioun krut. Op dëser Plaz wëlle mer him och nach eemol Merci soen fir seng Aarbecht vun de leschte Joren, an dass hien eis an der Iwwergangszäit mat Rot an Dot zur Verfügung stoung.

 

D’Forstrevéier Colmer-Bierg erstreckt sech iwwert déi 2 Gemengen Colmer-Bierg an Viichten, wat eng Gesamtfläche vun 24,6 km2 ergëtt. Mir verwalten hei all déi ëffentlech Bëscher. Konkret sinn dëst 474,55 ha Staatsbësch, 61,09 ha Gemengenbësch vu Colmer-Bierg, 1,88 ha Gemengenbësch vu Viichten an 8,55 ha Bësch vum Kierchefong. Derbäi läit d’Majoritéit vun de Bëscher di mer verwalten op dem Bann vun der Gemeng Colmer-Bierg (467,82 ha). Hei niewendrun fannt der eng Kaart vum Forstrevéier, mat den ëffentlechen Bëscher (faarweg Flächen).

 

Nieft der Verwaltung vun den ëffentleche Bëscher, erfëlle mer nach eng ganz Rei aner Missiounen. Dozou gehéieren z.B. dass mer eis aktiv mat konkreten Mesuren um Terrain am Naturschutz bedeelegen; an villen Autorisatiounsprozeduren mat involveiert sinn (Stëchwierder: Zone Verte/Biotopen/Habitater); bei der Opnam vum Wëldschued derbäi sinn; oder nach d‘ Awunner an déi 2 Gemengen beroden bei diversen Froen zum Naturschutz. Eng weider wichteg Missioun déi mer nach hunn, ass d’Police-Missioun an diverse Gesetzer (Naturschutzgesetz, Bëschgesetzer, Juegdgesetz, etc.).

Eise Büro fannt der am fréieren Police-Kommissariat zu Groussbus.

D’Adresse ass 41, Rue d’Ettelbruck L-9154 Grosbous.

Mir sinn och per Telefon ze erreechen.

D’Telefonsnummeren sinn den 621 569 387 (Unsen) oder den 621 202 149 (Plier).

 

Dräi Staatsbëschaarbeschter sinn och bei eis agestallt, di eis bei eise Missiounen am Alldag ënnerstëtzen. Hieren Atelier befënnt sech ënnert der Schwämm, am Lokal vun der Gemeng Colmer-Bierg.

 

Yolande Unsen & Tom Plier

Dernière modification le 18.10.2022
Aller au contenu principal